Archelon experience – 13. Daag

Haut kruten mir d‘Arbecht wéinst dm wieder en gutt d steck méi schwéier gemat. Et huet gereent an gestiermt, geblëtzt an gedonnert. Et war wierklech net schéin bei deem Wieder emmer missen tëschend dem Greenhouse, dem Schildkrötenkaravan an dem Lavabo hin- an hier ze pendelen an vun warm an drechen op naass an kaal ze treffen. Tëschend all deem Chaos ass och dn Pavlos hin an hier gewuselt an huet eis verbessert an eis neies erklärt an gewisen. Enner Anerem hun ech haut di éischte kéier Oxyvet an Sprëtzen gesat. (bei dn schildkröten selbstverständlech ;) )

Haut ass et och lassgaangen mat eisen éischten Griecheschkueren. Dofir hun mir missen eng hallef stonn Tram fueren an goufen vum Rosa mam Auto ofgeholl. D Rosa eng “elderly lady” bei der et och cookies an Téi gouf. Wéi eng al Fra ass sie awa wierklech net gefuer. Mir haten kaum Zait eis unzestrecken an d‘ Dir zou ze mann, dunn war sie och schon fort an huet eis den Wee gewisen, deen mir sollen goen. Vun der Gangschaltung hält sie scheinbar och nt vill.

Dunn huet si probéiert eis di griechesch Sprooch an d‘Mentatlitéit méi no ze brengen an ze erklären, dass se dach sou « simple » an « logic » ass.Puer vun hieren Aussoen:“ griechesch ass sou einfach an logesch.“ „D’Luucht an Griechenland ass anschecht, well et eng Hallefinsel wier an d’ Mier d‘Luucht wéi en Spigel reflektéiert. dofir wieren dD‘Griechen sou philosophesch.“

Sie huet zimlech vill iwwer aner Länner an hier Sprooch gelästert.

Ajo… No 2-3 stonnen mi ma mo mu pi pa po pou haten mir dat dann och iwwerstanen an konnten rem heemfueren :)