Archelon experience – 14. Dag

Um Valentinsdag duerft ech rem PA an ED spillen. Haut war wierklech een Dag fir ze vergiessen. Sou zimlech alles wat schief goen konnt, ass schief gaangen. Ech hat d‘Amalia bei mir fir him ze weisen, wat hatt als ED maachen muss. Dobai hun ech d‘Halschent falsch gemat am di aner vergiess. Soubal et mir agefall ass, hun ech him dat natierlech gesot an hatt wees lo trotzdem wéi et richteg geet. Dozou koum och dat sch…schlecht Wieder. Zenter zwee deeg reent et an heiansdo kennt och nach eng lëftchen laanscht geflunn. Dat mecht natierlech besonneg Spaß wann een muss tëschend dem Shop, denSchildkröten, dem Lavabo an dem « turtlewaggon » hin an hier laafen an dobaussen spullen a raumen. Zu allem Iwwerfloss hung een vun den Matarbechter am Stau fest an d‘Schoulkanner waren schon do. Gutt ass et dofir Filmer gin, fir d‘Zait z‘iwwerbrecken. Schlussendlech war dunn alles gemat an dat och nach richteg. D‘inflows waren zou/op, Heizung un, all Schildkröt war gefiddert (och wann d‘Kaatzen een Deel vun der éischter Portioun fir sech beusprocht hun…), den fishbucket war eidel, d‘Temperatur geholl an suguer d‘Toilet gebotzt.

Duerch all déi Arbechten hun ech leider d‘Optuktioun vun enger Schildkröt verpasst/nemmen hallef matkritt. Mee bon, mir wellen et jo nt hoffen,mee vlait kennt déi Geleegenheet erem, wann ech nt op ED sin an domat méi Zait hun.

Mat dat blödst um reen ass, dass d‘Dicher fir d‘Schildkröten dobannen mussen gedrëchend gin an dat nt sou séier geet, wéi dobaissen enner der griechescher sonn…

Gutt nuecht.