Archelon experience – 16. Dag

Haut waren mir zimlech op eis alleng gestallt. Déi Volontairen, déi am längsten do waren, sin zënter dem 1. Februar do. Dat waren dann den Mathieu, d’Maria an ech. Mir hun d’Tänk gebotzt, Drips gemat, d’Schildkröten un den Bakster gehaangen an sie gebotzt, se gefiddert an geknuddelt ;) An „tubefeed“ an natierlech net ze vergiessen. Well mir probéiert hun eis besser z’organiséieren, waren mir haut méi séi ferdeg, wéi soss an haten zimlech vill Fräizait. D’Amalia an ech waren awa PA (public awarness) an hun dofir missen op dem Shop oppassen an d’Leit rondrem féieren an opklären. Wieder war sonneg (owes huet et bessen gereent) an mir all gutt drop, och wann ech nach keng Nuecht duerchgeschlof hun. D’Gabriela an säin Frënd waren haut op d’Kap Soùnion gefuer bei dem Poseidon säin Tempel an dono sin si op Athen gefuer an erfreeën sech hun hierer Vakanz J