Archelon Experience – 4. Dag

Haut hun ech di éischte Kéier en „tubefeed“ gemat. Wat heescht dat? Amfong genau dat no deems et sech unhéiert. Mir hun missen kleng Fëschbraiportiounen weien, mat Waasser mëschen an an eng Sprëtz fëllen. Dono gett d’Schildkröt aus hierem Tank geholl an an en Kierfchen geluecht. Fir dass d’Aan net ausdrëchenen kréien si eng an Natriumchlorid getunkten Bind iwwert d’Aan geluecht. Sou lues fänkt et un schriwereg ze gin. Wéi brengt een soueen Déier dozou den Mond opzemaan ouni gebass oder gepëtzt ze gin? Et hëllt een nach eng oder zwou Binden an et zitt een den Mond op. (zu ass dat wesentlesch méi einfach) Zumols wann een eng Schildkröt wéi d’Nono hat, déi gescheit genuch ass fir hier viischtflossen anzesaätzen. D’Iessen gett einfach duerch d’Sprëtz an den Mond geschoss, mee virtéischt muss een deenen Reptilien en Plastiksschlach bis an den Mo stierchen, ier een d’Sprëtz usätzen kann. Dono geet et relativ einfach (außer beim Nono).

Ët kann natierlech och virkommen, dass den Brai rem duerch d’Nues rausgesprëtzt kennt. (Dutt dass deen Moment een aneren virun der Schildkröt soutz ;) )

Op eiser Statioun gëtt ët sou lues voll. Haut ass rem een neit Fräiwëllegt aus Daitschland ukomm. Hatt bleift allerdengs nemmen vir een Mount.

Endlech war et souwäit: I was on the beach! An am Mier! Wan och nemmen mat den Féiß XD

An wat gëtt et méi Schéines (ech wees, et ass en Klischee) wéi dem Sonnenënnergang iwwert dem Mier nozekucken? Dat huet sech déi Koppel puer Meter wieder wahrscheinlech och geduecht (Klischeealarm3000!)

Muer ass main éischten „Day off“ mol kucken wate en do sou maachen kann. Vlait Athen besichen goen?