Archelon Experience – 6. Dag

Haut war ech bessen méi fläißeg wéi gëschter. Soubal di aner ugefaangen hun mat schaffen, hun ech gemittlech giess an mech dann ferdeg gemat fir fort. Ech hat mir virgeholl fir d’Bierger vun Glyfada ze erklammen. Vir mech net (schon rem) ze verlafen, hun ech mir des Kéier eng Kaart praparéiert op der ech och di wichtegesten Punkten markéieren konnt fir sech z’orientéieren. Alleng deen Wee fir bis bei d’Bierger huet eng gutt 3-Véirel-Stonn gedauert. An well ech et sin, hun ech nach Fotoen ennerwee gemat. Endlech mol bei den Bierger ukomm, ass et Zait gin fir se dann eropzeklammen. Enner wee, konnt ech sou munch schéin Vue genéissen an och dat eent oder anert gesin, wat mech iwwerrascht huet. Zum Beispill en Dësch virun enger Hiel. Wéi kennt deen dohin? Oder wunnt een do. Den Rëscht vum Bierg war dat Üblecht op an of. Fir d’Mëttegpaus hat ech mir en schéinen Ausiichtespunkt mat Vue op ganz Glyfada rausgesiicht an hun genësslech main Bréidchen giess J

Iergendwann hun mech dann mol wieder den Wee gemat, onschlësseg op ech einfach emdréinen an den Wee zreck goen sollt oder weider goen an kucken wouhin ech gefouert gin. Ech mech entscheed op Risiko ze spillen an an der praller Sonn duer di drechen awer kaal Bierger ze treppelen. (Gutt dass ech en Sonnebrell, en Kappschutz an Sonnecreme hat) an den Risikio huet serch definitif gelount!

An dobai wier ech nach bal laanscht gelaf. Tarnung ass an der Natur eben alles. Trotzdem ass di Schildkröt, déi main Wee gekräizt huet, mir ennert d’Lëns gelaf an ech konnt se wieder verfollegen an en Steckchen op hierem Wee begleeden. Et war natierlech eng Landschildkröt, déi gemittlech Gras gezupt huet an nemmen 20cm vun mir ewäsch ennerwee war. Well ech se net zevill stressen wollt, hun ech se no puer Minutten an villlen Fotoen a Rou geloos an sin wieder gaangen. Iergendswann ass et bierrgoof an d’Ziviilisatioun gaangen. Ennerwee hat nach enger aner méi schei Deckelsmouk begéint. Raus aus der Pampa an direkt an en deiert Villenvéirel, während ech nemmen drop konzentréiert hun fir den Wee bis bei d’Mier ze fannen, un deem ech mech orientéieren konnt.

No engem Tierchen duerch d’Stad hun ech tatsächlech d’Kierch an domat och den Rescue Center remfonnt.

No deem Trip war ech zimlech mitt, mee den Owend an der Shishabar hun ech trotzdem net verpasst.