Archelon Experience – 7. Dag

No mengem Trip gëschter hat ech zimlech Peng. Ech krut nämlech nei Einlagen un déi ech nach net gewinnt war an doduerch hat ech zimlech vill an grouß Blooderen kritt. Dat deet besonneg gutt, wann een mat deen geschundenen Féiß an d’Stiwwelen klemmt fir schwéier Schildkröten hin- an hier ze schleefen.

Nom Botzen war natierlech och rem d’Fidderen un der Rei an ech duerft/misst/sollt/konnt den enner anerem den léiwen klengen Piu fidderen. An ech kann ierch soen, et ass een Wahnsinnegt gutt Gefill, wann sou een klengen léiwen Däbbes ierch sou vertraut (oder einfach sou hongreg ass) dass en engem aus der Hand frësst (Mir nennen dat zwar „feed by hand“ mee aus Sécherheetsgrënn huelen mir dofir eng Zang. Déckelsmouken hun hart Schniëwwelen an stark Kieferen fir se zou ze haalen. Dat ass beim Tubefeed emmer schwéier fir hinnen den mond op ze maan). Beim Fidderen vum Phoebe krut ech gesot, dass dat zimlech schwéier wier, mee och hatt konnt ech iwwerzeegen ebessen Fësch zou sech zer huelen. Do freet een sech dach emmer driwwer, wann mol eppes klappt :D

Haut war ech allerdengs net nemmen fir déi normal Arbecht agedeelt. Ech war zousätzlech ED an PA (public awareness). D.h. ech hun missen éischter opstoen fir d’Temperaturen bei den Schildkröte ze moossen, wat mëttes rem wiederholl gëtt, war zoustänneg dass virun an no der Arbecht alles propper ass, d’Dreckskëschten eidel maachen, d’Dicher wäschen an an eisem Souvenirshop zur Verfügung stoen an eis Saachen un den Mann brengen.

Domat an een zimlech laang amgaang an d‘ Energie ass owes nemmen nach Kaartespiller an derglaichen duergaangen.

Oh, ier ech et vergiessen: Mir haten haut eppes, dat d’Griechen wahrscheinlech als, een fir Februar typeschen „Rainstorm“ bezeechnen.Et war also zimlech kal, gereent huet zum Gleck réischt wéi ech dobannen war, an mir sin d’Fëschoffäll, déi mir nom fidderen an d’Mier gehein bal rem entgéint geflunn. Gutt dass ech net géint de Wand stung ;)