Posts by Carine

Archelon experience – 16. Dag

Haut waren mir zimlech op eis alleng gestallt. Déi Volontairen, déi am längsten do waren, sin zënter dem 1. Februar do. Dat waren dann den Mathieu, d’Maria an ech. Mir hun d’Tänk gebotzt, Drips gemat, d’Schildkröten un den Bakster gehaangen an sie gebotzt, se gefiddert an geknuddelt ;) An „tubefeed“ an natierlech net ze vergiessen. Well mir probéiert hun eis besser z’organiséieren, waren mir haut méi séi ferdeg, wéi soss an haten zimlech vill Fräizait. D’Amalia an ech waren awa PA (public awarness) an hun dofir missen op dem Shop oppassen an d’Leit rondrem féieren an opklären. Wieder war sonneg (owes huet et bessen gereent) an mir all gutt drop, och wann ech nach keng Nuecht duerchgeschlof hun. D’Gabriela an säin Frënd waren haut op d’Kap Soùnion gefuer bei dem Poseidon säin Tempel an dono sin si op Athen gefuer an erfreeën sech hun hierer Vakanz J

Read More

Archelon experience – 15. Dag

Haut ass nt besonneg vill geschitt außer dass den Matthieu den Thermoeter futti gemat huet (Natierlech net express) an d’Gabriela stung ouni waarmt Waasser an der Dusch, well grad deen Moment d’Gasfläsch eidel gaangen ass. J

Mengen, dat war et schon fir haut.

Read More

Archelon experience – 14. Dag

Um Valentinsdag duerft ech rem PA an ED spillen. Haut war wierklech een Dag fir ze vergiessen. Sou zimlech alles wat schief goen konnt, ass schief gaangen. Ech hat d‘Amalia bei mir fir him ze weisen, wat hatt als ED maachen muss. Dobai hun ech d‘Halschent falsch gemat am di aner vergiess. Soubal et mir agefall ass, hun ech him dat natierlech gesot an hatt wees lo trotzdem wéi et richteg geet. Dozou koum och dat sch…schlecht Wieder. Zenter zwee deeg reent et an heiansdo kennt och nach eng lëftchen laanscht geflunn. Dat mecht natierlech besonneg Spaß wann een muss tëschend dem Shop, denSchildkröten, dem Lavabo an dem « turtlewaggon » hin an hier laafen an dobaussen spullen a raumen. Zu allem Iwwerfloss hung een vun den Matarbechter am Stau fest an d‘Schoulkanner waren schon do. Gutt ass et dofir Filmer gin, fir d‘Zait z‘iwwerbrecken. Schlussendlech war dunn alles gemat an dat och nach richteg. D‘inflows waren zou/op, Heizung un, all Schildkröt war gefiddert (och wann d‘Kaatzen een Deel vun der éischter Portioun fir sech beusprocht hun…), den fishbucket war eidel, d‘Temperatur geholl an suguer d‘Toilet gebotzt.

Duerch all déi Arbechten hun ech leider d‘Optuktioun vun enger Schildkröt verpasst/nemmen hallef matkritt. Mee bon, mir wellen et jo nt hoffen,mee vlait kennt déi Geleegenheet erem, wann ech nt op ED sin an domat méi Zait hun.

Mat dat blödst um reen ass, dass d‘Dicher fir d‘Schildkröten dobannen mussen gedrëchend gin an dat nt sou séier geet, wéi dobaissen enner der griechescher sonn…

Gutt nuecht.

Read More

Archelon experience – 13. Daag

Haut kruten mir d‘Arbecht wéinst dm wieder en gutt d steck méi schwéier gemat. Et huet gereent an gestiermt, geblëtzt an gedonnert. Et war wierklech net schéin bei deem Wieder emmer missen tëschend dem Greenhouse, dem Schildkrötenkaravan an dem Lavabo hin- an hier ze pendelen an vun warm an drechen op naass an kaal ze treffen. Tëschend all deem Chaos ass och dn Pavlos hin an hier gewuselt an huet eis verbessert an eis neies erklärt an gewisen. Enner Anerem hun ech haut di éischte kéier Oxyvet an Sprëtzen gesat. (bei dn schildkröten selbstverständlech ;) )

Read More

Archelon experience – 12. Dag

Day off

Bessen gefaulenzt. Een Rouer ass gebrach an et war een stressegen Dag fir déi déi geschafft hun. Enger Schildkröt geet et nt sou gutt, mee mir hoffen dat Bescht. Dn Pavlos ass rem do an mir kruten alles nach eemol méi genau erklärt. Dn owend movie :)

Read More