Archelon Experience – 3. Dag

Rem opstoen, d observatiounen man, kaffi drenken, tank botzen. Gaut konnt ech instructor spillen, well ech dem Maria erklärt hun wéi een den Tank botzt. (hatt huet sech geschter em d medikamenter gekemmert) Sonndes steet nemmen nach tubefeed um programm, dofir waren mir séier färdeg. Fir z iessen hun mir eis ‘souvlaki’ bestallt an dunn war och schon rem fraizait. Ausser fir d ED. Si hun missen am shop op besicher warden. Di eng sin schlofen oder stadt gaang. Ech hun en Tierchen mam Velo gemat an enner anerem en starbucks, an hardrock café (deen leider nach zou ass), en fridays an natierlech puer schéin Strandplazen fonnt.

Read More

Archelon Experience – 2. Dag

Mir gin net wierklech geschount an hun schon missen vum 1.(richtegen) Dag un lassleeën. D.h. Opstoen, opservéieren, botzen, Medikamenter & CO gin, fidderen. Dat klengt no engem ganz normalen Infirmièresdag, mee ech kann ierch soen all normal Infirmière wier fortgelaaf oder hätt ugefaang mat botzen an desinfizéieren. Ech wees vun wat ech schwätzen. Zwee Joer an enger Irmièresschoul gin duer, dass een nach méi Knascht gesait wéi di aner, well een op „clean“ getrimmt ass.

Read More

Archelon Experience – 1. Dag

Schon moies um 6 hun meng Elteren an ech missen opstoen fir um 7 Auer lass ze fueren. Richtung Bréissel op den Flughafen. Gutt, dass een am Auto schlofen kann, wann een net fiert J. Natierlech waren mir vill ze fréi do, mee bei eingem Fliiger-Check-in ass ze fréi do sin besser wéi ze spéit kommen. Dunn haat een noom Gepäckofgin (4kg Iwwergewiicht, mee et gouf naischt gesot. Merci Aegan Airlines ;) ) nach Zäit fir en Kaffi ze drenken an zwar beim… an Maïté, dat ass nemmen fir dech… STAAAARRRRBUUUUCCCKKKKSSS. An well mir grad sou schéin do stungen ass och mol direkt en Drogenhond laanscht komm an huet eis an d’Gepäck mol beschnuppert während en Filmteam d’Kamera drop gehalen huet. Falls ech an der belger Telé sin: Ech sin dat mat der rouder Abercrombie & Fitch-Jacket. Maïté, och déi hun ech nemmen ungedoen, well ech un dech geduecht hun.

Read More